30 Joer Dësch-Tennis Méischdrëf


Den 13. Oktober 1971 haten e puer Leit d’Iddi zu Méischdrëf en Dësch-Tennisveräin ze grënnen.
Dest waren: Kersch Alice, de Waha Jean, Schiltz Lucien, Schiltz Nico, Stelmes Norbert an Theisen Alphonse. Des Grënnung huet groussen Uklang fonnt an den éischte Comité gouf den 28.Oktober 1971 gewielt.
Eischten Präsident gouf demols den Dondelinger Jemp, deen de jonken Veräin finanziell ennerstëtzt huet.

An deenen 30 Jar hu folgend Leit den Präsidenteposten besaat:

1971 - 1973   Dondelinger Jemp

1973 - 1975   de Waha Jean

1975 - 1985   Schomer Fritz

1985 -            Kayser Josée

    Dat éischt Championnatsjar mat 2 Hären- an enger Damenequipe hu mir an eisem Clublokal dem Hôtel de la Sûre gespillt. Do haten mer de Sall zur Verfügung gestallt kritt an mir hunn oft missen laang waarden fir beim Training un d’Rei ze kommen.

D’Gemeng huet eis dunn déi al Schoul als Sall ginn wou mer fir den Training 2 Dëscher opstellen konnten an esou méi intensiv trainéiert hunn.

Den eischte grousse Succès hat eise Veräin 1978/1979 wou d´1.Equipe vun der 3. an déi 2. Divisioun gestigen ass. Lues a lues ass eise Veräin ëmmer méi grouss ginn an d’Jugend huet sech fir des Sportart interesséiert.

Duerch de Bau vun enger neier Hal zu Bur hate mir als Sportsveräin vill méi Méiglechkeeten eise Spiller besser Trainingsbedingungen ze bidden an doduerch eis um sportlechen Niveau ze verbesseren. Mir konnten och doduerch méi Equipen umellen a hunn an der Saison 1981/1982 mat 5 Hären-an 1 Damenequipe gespillt.

Mir hun och an der Hal an all dénen Jaren verschidden Fester a Bâlen organiséiert déi et erméiglecht hunn eis Spillmaterial (Dëscher, Raketten asw.) ze kafen.

Verschidden sportlech Organisatiounen vun der Fédératioun sinn zu Bur an der Hal ofgehalen ginn déi groussen Uklong fond hun bei eisen Memberen an Sportsfrenn.

Eise gréissten sportlechen Erfolleg hate mir wéi 1988 éis 1.Equipe an der 1.Divisioun gespillt huet.

An der Saison 1988/1989 waren mir ganz stolz wéi mir 7 Seniorsequipen, 2 Scolaires an 2 Minimeséquipen bei der Fédératioun umelle konnten. Dat Jar hate mer och 6 Equipen am Championnat "jeunes filles" ugemellt an d’Fédératioun hat Schwieregkeeten fir déi anzedeelen.

An der Saison 2000/2001 hate mir fir d’éischt an eiser Veräinsgeschicht 8 Seniorsequipen ugemellt. Ausserdeem hunn och nach 2 Jugendequipen gespillt.

Elo zielt eise Veräin 44 aktiv Memberen déi mat Begeeschterung an Asaz regelmässig um Training an um nationale Championnat deelhuelen.

Fir eis Jugendspiller hu mir 2 Traineren engagéiert. Geet een wärend der Saison Dënsdes owes op Bur an d´Hal, esou ass een iwwerrascht e wéivill Nowuesspiller mir momemtan hunn. D'Kanner huele mat enger grousser Begeeschterung um Training deel an sinn och bal ëmmer präsent. D'Jugend ass d´Zukunft vu jiddfer Veräin an dofir hoffe mir eise Nowuesspiller d´Freed an d´Loscht um Desch-Tennis ze vermëttelen.

Niewend dem Sport hu mir awer och nach e puer Manifestatiounen, déi mir schons säit Jaren regelmässeg organiséieren.

Esou hu mir den 30. Abrëll eisen traditionelle Meebal an den Dag drop gi mir an de Besch de Meekranz bannen. Hei get gegrillt an eng lecker Zopp eragefeiert. D'Kanner, déi sech schons d'ganz Jar op desen Dag freeën, spillen de ganzen Dag am Bësch.

 

Desweideren gi mir reegelmässeg mat eisen eegenen Musikanten a Sänger am November den Hämmelsmarsch duerch Méischdref a Buerschdref spillen. Dëst ass schons eng laang Traditioun, déi mir oprechterhale wëllen.

Zanter e puer Jar organiséiere mir och e Beaujolaisowend wou jidfereen deen Loscht a Laun huet e gemittleche Patt mat engem Teller Kéis zervéiert kritt.

Niewend all deenen Aktivitéiten daerfe mir awer net déi selleg Owender no de Matcher an den Traininger vergiessen, wou mir gemittlech bäim Patt zesumme sëtzen a poteren.

All des Aktivitéieten droen och dezou bäi, datt d´Leit sech besser kenne léieren an esou kann dat Ganzt op enger frendschaftlecher Basis opgebaut gin.

 Fir d’Zukunft wënsche mir eis:

- dat all eis Spiller mat der selwechter Begeeschterung an Asaz sech um Veräinsliewen bedeelegen

- weider sportlech Erfolleger verbuchen ze kënnen

- finanziell gudd iwwer d’Ronnen ze kommen

- e frëndschaftlecht Verhältnis mat anere Veräiner ze hunn

Wann dës Wënsch an Erfëllung gin si mir zouversichtlech datt mir den nächsten ronnen Gebuertsdag zesumme feiere wäerten.            

                                                                             Josée Kayser an Natascha Holcher-Fohl